Op ee Bléck


Dëst ass en aussergewéinlech Budget fir aussergewéinlech Zäiten. - Pierre Gramegna

Den Budget 2021 ass e Budget vun der Solidaritéit an vun der nohalteger Relance. En schreift sech an d'Kontinuitéit vun den Mesuren déi am Kampf géint d'Pandémie vum COVID-19 geholl gi sinn, fir d'Gesondheet ze garantéieren, Vertrauen ze schafen an Solidaritéit ze assuréieren.

D'Prioritéiten kann een an 5 Wieder zesummefaassen: Investissementer, Solidaritéit, Logement, Nohaltegkeet an Kompetitivitéit.  

D’Investissementer wäerten Lëtzebuerg hëllefen méi séier duerch d’Kris ze kommen an eis Wirtschaft méi resilient an nohalteg fir d’Zukunft opzestellen.

 

 

Fir 2021, wäert den Defizit vun der Administration publique sech zu engem gudden Deel erhuelen a vun -4,4 Milliarden Euro op -1,8 Milliarden, also -2,7% vum PIB, erofgoen.

Den Solde vun der Sécurité Sociale ass virgesinn fir 2020 weiderhin am positiven Beräich ze bleiwen, wann och substantiell reduzéiert. 2019 hat d’Sécurité Sociale en Surplus vun +1,2 Milliarden ugewisen. 2020 wäert deen bis op ronn 900 Milliounen Euro falen, wat ronn +1,5% vun eisem PIB entsprécht.

Fir 2021, wäert den Solde vun der Sécurité Sociale weider am positiven Beräich bleiwen mat +755 Milliounen Euro kommen, also +1,2% vum PIB

Wann een sech den Solde vun den Gemengen ukuckt, déi an den leschten Joren ëmmer en raisonnabelt positiivt Resultat ugewisen hunn, da gesäit een dass d’Kris och si net verschount huet.

Fir 2020 wäert de Solde bei ronn -213 Milliounen Euro leien, wat -0,4% vum PIB entsprécht. 2019 hate mer hei nach een Iwwerschoss vun +286 Milliounen Euro.

Fir 2021 wäert den Defizit sech rëm opléisen an de Solde ganz liicht positiv sinn (2 Milliounen, also 0% vum PIB).

 

2018, also zwee Joer virun der Kris, huet d’Administration centrale  mat engem Iwwerschoss vun +528 Milliounen Euro ofgeschloss. 2019 hat d’Administratioun e positive Solde vu +60 Milliounen Euro. Am Hibléck op de substanziellen finanziellen Impakt vun der Pandémie, hate mer also eng gutt Ausgangspositioun.

Duerch d’Mesuren déi d’Regierung geholl huet, an dem gläichzäitegen Zréckgoen vun de Recetten, wäert den Solde vun der Administration centrale 2020 par rapport vun 2019 en substanziellen Réckgang kennen. Déi neisten Previsiounen ginn vun engem Defizit vun ronn -5 Milliarden aus, also -8,6% vum PIB.

Den Solde vun der Administration centrale wäert sech 2021 par rapport zu dësem Joer ëm ronn d’Halschent verbesseren, an op ronn -2,5 Milliarden kommen, also -3,9% vum PIB.

De läschten Prévisounen no, wäerten d’Dépensen vun der Administration centrale fir d’Joer 2020 bei ronn 22,9  Milliarden Euro leien. De Staat huet also an absoluten Zuelen 2 Milliarden, also bal 10%, méi ausginn wéi am leschten votéierten Budget virgesinn.

No dëser exzeptioneller Hausse fir 2020, wäerten d’Dépensen fir d’Joer 2021 erëm erofgoen op ronn 21,8 Milliarden, wat enger Baisse vun -4,9% par rapport zu 2020 entsprécht.

Wann een den Effet COVID-19 2020 erausrechent, ginn d’Dépensen vun 2020 op 2021 en fait erop.

Fir all Euro deen d’Administration centrale ausgëtt, wäerten ronn:

·      48% fir d’Sozialleeschtungen, Subsiden a Subventiounen fléissen.

·      Den zweetgréissten Posten sinn d’Remunératiounen, mat 24%.

·      Dann kommen d’Investitissementer mat 13%, op déi ech jo am virrechten Kapitel am Détail agaangen sinn.

·      Ronn 8% vun den Dépensen wäerten fir Frais de Fonctionnement fléissen, also lafend Käschten wéi zum Beispill Loyeren an Entretien.

·      D’Transferten fir d’Gemengen representéieren 7% vun den Dépensen.

·      D’Zënsen a Punkto Staatsschold maache manner wéi 1% aus.

Fir 2021 sinn Investissementer an der Héicht vun 2,8 Milliarden virgesinn, wat 4,3% vum PIB entsprécht. Dese Montant läit also nach iwwert deem vun 2020, wann een déi extraordinär Investissementer erausrechent.

D’Recetten fir d’Joer 2020 ginn am Moment op ronn 17,8 Milliarden Euro geschat. Dat sinn 2,5 Milliarde manner, also en Écart vun -12,1%, par rapport zum votéierten Budget 2020.

Fir 2021 gi mer dovunner aus, dass d’Recetten ëm +8% op 19,3 Milliarden Euro klamme wäerten.  

Déi gréissten Recetten fir 2021 sinn wéi gewinnt, d’direkt Steieren. 2021 ginn déi op ronn 9 Milliarden geschat, also 47% vun all den Recetten vun der Administration centrale.

Duerno kommen d’indirekt Steieren, mat 7 Milliarden, déi 38% vum gesamten Montant vun den Recetten entspriechen.

Déi zwee Posten zesummen maachen ronn 85% vun de gesamt Recetten aus.

De Rescht vun de Recetten sinn d’sozial Kotisatiounen, d‘Recetten vun den Etablissements Publics esou wéi och Loyeren an Dividenden déi de Staat vu sengen Participatiounen kritt.  

 

Dernière mise à jour