Op ee Bléck


De Budget 2020 setzt kloer Akzenter : éischtens am Klimaschutz, zweetens bei den Investissementer fir d'Zukunft virzebereeden, drëttens, schon haut, am Alldag vun de Leit – Pierre Gramegna

Wéi de Premier Minister Xavier Bettel schon a sengem Discours zum Etat de la Nation vum 8. Oktober 2019 ënnerstrach huet, ass de Klimawandel déi zentral Erausfuederung vun eiser Zäit.

Fir konkret Fortschrëtter brauch et ee Mentalitéitswiessel bei jidder Eenzelnem vun eis, an och beim Staat. Um Staat ass et, dofir deen néidege Kader ze setzen. Genau dëst get mam Budget 2020 gemach. 500 Milliounen vun allen Investissementer sinn 2020 am Intérêt vum Emwelt- a Klimaschutz. Vum 1. März 2020 un, get den ganzen ëffentlechen Transport gratis.

De Budget 2020 ass och den Budget vun den Investissementer fir d'Zukunft, matt deem d'Land op d’Defie vun der Zukunft virbereed get.
14% vun den Dépensen vun der Administration Centrale fléissen an d'Investissementer, déi 2020 domadder op 2,8 Milliarde klammen.  

De Budget 2020 ass awer och drop ausgeriicht, mat ville Mesuren, d'Wuelbefannen an d'Liewesqualitéit vun all Eenzelem, weider ze verbesseren, oder och d'Belaaschtung an deene méi schwéiere Momenter am Liewen ofzefiederen.

Gläichzäiteg ginn déi budgetspolitesch Zieler, déi am Regierungsprogramm festgehale sinn, op der ganzer Linn erfëllt a bleiwen an Europa ee vun de budgetären Musterschüler.

Sou bleift Lëtzebuerg och an Zukunft attraktiv fir Investisseuren, déi an eis Wirtschaft investéieren an Arbechtsplaze schafen.

 

2020 läit de Solde vun der Administration publique bei 757 Milliounen Euro, wat 1,2 % vum PIB entsprécht. De Budget pluriannuel weist, dass dësen Iwwerschoss progressiv erop bis op 1,5 Milliarden oder 2,0% vum PIB am Joer 2023 wärt goen. 

De Solde vun der Sécurité sociale bleift och an den nächsten Joren ëmmer gutt am positive Beräich. 2020 wäert den Iwwerschoss bei 1.056 Milliounen leien. Well de Wuesstum sech e bëssen ofkille wäert, an domadder och de Rhythmus mat deem nei Aarbechtsplaze geschaf ginn, wäert d'Situatioun sech iwwer d'Period 2020-2023 op engem Niveau ronderëm 1050 Milliounen stabiliséieren. Dës entsprécht 1,6% vun onsem PIB, wat en excellenten Resultat ass.

Bei den Gemengen gesi mer eng weider Verbesserung par rapport zum Joer 2019. Fir 2020 rechne mer mat 341 Milliounen. An de Joren duerno wäert dëse Wert stabel bleiwen, a sech en Moyenne bei ronn 330 Milliounen EUR d'Joer apendelen, wat 0,5% vum PIB entsprëcht.

 

Um Niveau vun der Administration Centrale läit den Solde fir 2020 bei -640 Milliounen Euro. Deen Defizit geet dann awer d'Joeren duerno progressiv zréck, fir 2022 rëm ganz no beim Equiliber ze leien, an sech 2023 an een Excédent vun +158 Milliounen oder 0,2% vum PIB ze verwandelen.

D'Depense an der Administration Centrale wäerten 2020 fir d'éischt Kéier op iwwer 20 Milliarden Euro klammen, wat 38% vum PIB entsprécht. Eng Progressioun vun 6,5% par Rapport zu dësem Joer.

Vun all Euro, deen de Staat ausgëtt, sinn :

· 47% - also bal d'Halschent - fir Sozialleeschtungen, Transferten, Subsiden a Subventiounen. Dat ass ee kloert Bekenntnis zum Sozialstaat.

· 23% fir Remuneratiounen. Par Rapport zu 2019 geet dëse Posten em 7,7% erop. Dëst erkläert sech virun allem duerch d'Neiastellungen, déi ech virdrun ugeschwat hunn.

· 14% fléissen an d'Investissementer

Ronn 20% vun allen Investissementer, déi de Staat 2019 mécht, sinn am Interêt vum Ëmwelt- a Klimaschutz. Dës Proportioun wäert bis 2022 op bal ee Véierel eropgoen (23,3%).

Fir 2020 rechne mer mat 20,3 Milliarden Euro Recetten an der Administration Centrale, eng Hausse vun 3,7% par Rapport zu 2019. Fir d'Joeren 2021 bis 2023 wäert déi Progressioun dann all Kéiers tëscht 5,1% an +5,6% leien.

Déi gréisste Ressource bleiwen d’direkt Steieren, déi 2020 ronn 48% - also 9,8 Milliarden Euro – vun alle Recetten ausmaachen. Dat ass eng Progressioun vun 1,7% par rapport zu 2019.

Den zweet gréissten Posten bei den Recetten sinn d’indirekt Steieren, déi 37% vun den Recette ausmaachen, also 7,6 Milliarden Euro.  Dat ass eng Progressioun vun 5,1% par rapport zu dësem Joer.

Eleng déi zwou Sourcen zesummen maachen 85% vun den Recetten aus.

 

 

Bis 2019 louch den OMT bei -0,5% vum PIB. Wéinst laangfristegen Evolutiounen, wéi z.B. der Alterung vun der Populatioun an den zousätzlech Käschten déi dowéinst op laang Siicht op de Budget zoukommen, ass den OMT fir d'Period vun 2020 bis 2022 op +0,5% erhéijt ginn, sou wéi ech dat op dëser Plaz scho bei der Virstellung vum Budget 2019 erklärt hat.

Trotz allem wäert Lëtzebuerg, sou wéi dat nach ëmmer de Fall war, och an Zukunft den OMT, an domatter d'Regelen vum Stabilitéits- a Wuesstumspakt, anhalen.

Den Solde structurel wäert 2020 bei +0,9% leien, an dann progressiv bis op +1,9% am Joer 2023 eropgoen. Also ëmmer iwwert der Limite vun +0,5%.

Dernière mise à jour