Eis Scholden

2020 wäert d’Staatsschold fir d’éischt Kéier säit 2011 rëm ënner 20% vum PIB falen, a bis 2023 nach weider erofgoen.

Am Regierungsprogramm ass festgehalen, dass d'ëffentlech Schold zu all Moment muss enner 30% vum PIB leien, wat d'Hallschent ass vun der Limit vun 60%, déi déi europäesch Texter erlaben.

Mam Budget 2020 wäert Lëtzebuerg dës Virgab och weider erfëllen.

Enn 2018 louch d'ëffentlech Schold bei 12,6 Milliarden oder 21% vum PIB. Haut läit se souguer nach ënnert deem Wäert, an zwar bei 12,4 Milliarden.

Enner allen AAA Länner, ass Lëtzebuerg dat mam niddregste Scholdestand

 

Dernière mise à jour