Vill gestallte Froen

En Fro ? Eng Idee ?

Schreift eis!

Däerf ech d’Grafiken an d’Donnéeën hei vum Site fräi benotzen?

Jo! Dofir si se do. De ganze Budget ass fräi disponibel, a kann ouni Restriktioun beaarbecht, interpretéiert oder weiderverdeelt ginn, ënnert de Bedéngungen vum Creative Commons CC0 1.0 Transfert dans le Domaine Public.

Wann dir allerdéngs Donnéeë déi op dësem Site verëffentlecht si weidernotzt, biede mir iech eise Guide d’utilisation des données (ënnen an eise rechtlechen Aspekter) ze respektéieren, an d’Quell vun den Donnéeën ze nennen wou ëmmer dat méiglech ass.

D’Zuele vum Budget sinn als Open Data disponibel, a kënnen an de Links & Dokumenter erofgeluede ginn.

De Montant vun den Dépensen op der Factsheet « Finances Publiques » an op der Säit « D’Ausgaben am Detail » ass net d’selwecht. Wéi ass dat méiglech?

De Graphique um Factsheet ass no der europäescher Norm (SEC 2010) opgestallt ginn. De Staatsbudget gëtt opgestallt no de Prinzipie vum Gesetz vum 8. Juni 1999 iwwert de Budget an d’Comptabilitéit vum Staat.

Technesch Detailer iwwer d’Ënnerscheeder tëscht deenen zwou Opstellunge fënnt een op der Säit 368, Punkt 1.2 vum Volume 2 vum Budget 2018.

Dernière mise à jour