Op ee Bléck

Opgepasst: d’Zuelen op dëser Säit sinn vum Oktober 2017, wéi de Projet vum Budget 2018 der Chamber virgeluecht ginn ass. D’Situation vun de Staatsfinanzen huet sech säitdem nach méi positiv entwéckelt wéi virgesinn. Déi aktuellsten Zuelen (vun Enn Abrëll 2018) fënnt een am PSC 2018.


De Budget 2018 ass ee Budget vun der Liewensqualitéit, der Kompetitivitéit an der Kontinuitéit. – Pierre Gramegna

De Budget 2018 ass ee Budget vun der Liewensqualitéit, well de Schwéierpunkt op Mesure läit am Intérêt vun de Famillen, vun de Kanner, vum Ëmweltschutz, vun der Solidaritéit an der Gesellschaft a vun der Sécherheet.

Et ass ee Budget vun der Kompetitivitéit, well en d'Weiche stellt, fir dass eis Wirtschaft och an Zukunft nohalteg wuesse kann, Aarbechtsplaze schaaft, an d’Recette generéiert, déi d’Land brauch fir seng Sozialsystemer ze finanzéieren.

Et ass och ee Budget vun der Kontinuitéit, well en déi Politik, déi d’Regierung iwwert déi läscht Joren op d’Schinne bruecht huet, weider konsequent ëmsetzt.

2018 läit de Solde vun der Administration publique bei 333 Milliounen Euro, wat 0,6% vum PIB entsprécht. De Budget pluriannuel weist, dass dësen Iwwerschoss iwwert déi nächst Joren kontinuéierlech wäert klammen, fir 2021 bei 1,1 Milliarden Euro oder 1,7% vum PIB ze leien.

 

Domatter gehéiert Lëtzebuerg zu deene Beschten an Europa.

Um Niveau vun der Sécurité Sociale leien d’Recetten konstant iwwert den Dépensen, wat iwwert déi ganz Period tëscht 2018 and 2021 zu engem Iwwerschoss an der Gréissenuerdnung vu ronn enger Milliard d'Joer féiert. Dës gesond Situatioun vun eiser Sécurité Sociale steet am direkten Zesummenhang mat der gesonder Wirtschaft, an den neien Aarbechtsplazen, déi all Joer geschaf ginn.

D'Entwécklung vun de Gemengefinanzen schreift sech an d'Kontinuitéit vun de leschte Joren an. Iwwer déi ganz Period bleiwen d'Solden hei am positive Beräich, mat engem Plus vu ronderëm 200 Milliounen oder 0,3% vum PIB pro Joer.

Um Niveau vun der Administration Centrale läit den Solde fir 2018 bei -890 Milliounen Euro. Dësen Defizit wäert vun -890 Milliounen am Joer 2018 op -89 Milliounen am Joer 2021 erofgoen. Fir d'Period tëscht 2017 bis 2021, wäerten an der Moyenne Recetten ëm +4,8% an d’Dépensen ëm +4,7% steigen, wat en Zeechen vun enger gesonder Finanzpolitik ass.

D’Dépensen vun der Administration Centrale :

Dee gréissten Deel vun den Dépense vum Staat sinn Transferten un d’Sécurité Sociale, Sozialleeschtungen, Subsiden, an aner Transferts de Revenus : zesummen 8,7 Milliarden, also bal d’Halschent vun den Dépensen. Dëst ënnersträicht de soziale Charakter vun eisem Budget.

D’Period tëschent 2017-2021 wäert weiderhin den Accent op qualitativ Investissementer setzen, déi zu enger moderner an solidaresch Gesellschaft bäidroen.  

Fir sengen internationalen Aufgaben nozekommen, an d’Bierger weider gutt ze zerwéieren, wäert de Staat 2018 am ganzen 533 nei Poste schafen. Dobäi kommen zousätzlech iwwer 500 nei Posten am Enseignement an an der Kannerbetreiung.

D’Investissementer leie weiderhin op ganz héijem Niveau, fir d’Land op d’Zukunft virzebereeden. Bal ee Véierel dovunner si gréng Investissementer am Intérêt vum Klima a vum Ëmweltschutz, deenen hiren Niveau 2018 duebel sou héich läit wéi 2013.

D’Recetten vun der Administration Centrale :

De gréissten Deel kënnt aus den direkte Steieren, déi d’Leit an d’Entreprisen bezuelen. Deen 2t-gréisste Posten maachen déi indirekt Steieren aus. Zesummen maachen béid Recetten 85% vum Total aus.

 

Iwwert déi ganz Period vun 2017-2021 wäert Lëtzebuerg déi europäesch Regelen vum Pacte de Stabilité et de Croissance anhalen, an den Objectif à moyen terme (OMT) nach iwwertreffen :

Am Budgetsgesetz sinn och eng Rei steierlech Mesure virgesinn, fir de System fir d’Leit méi gerecht ze maachen, den nohaltegen Transport ze förderen, an d’Entreprise bei der Digitalisatioun ze ënnerstëtzen.

Dernière mise à jour