Eis Scholden

Opgepasst: d’Zuelen op dëser Säit sinn vum Oktober 2017, wéi de Projet vum Budget 2018 der Chamber virgeluecht ginn ass. D’Situation vun de Staatsfinanzen huet sech säitdem nach méi positiv entwéckelt wéi virgesinn. Déi aktuellsten Zuelen (vun Enn Abrëll 2018) fënnt een am PSC 2018.


Den Historique vun den Budgeten 2014, 2015 an 2016 weist, dass d'Staatschold konnt stabiliséiert ginn, an dat wäit ënnert dem Seuil vun 30%, deen am Regierungsprogramm fixéiert gouf.

D’Staatschold läit 2017 bei 12,9 Milliarden Euro, wat zu 23,5% vum PIB entsprécht. Trotz den héijen Investissementer wäert dësen Verhältnis weider erofgoen bis 21,6% vum PIB am Joer 2021.

2018 wäerten 700 Millioune Euro vun der Staatsschold an zwou Tranchen (500 an 200 Milliounen) rembourséiert ginn, well déi entspriechend Prêten auslafen.

D’Zënsen op der Staatsschold wäerten 2018 bei 181 Milliounen Euro leien, wat 1% vun den Dépensen vun der Administration centrale, respektiv 0,3% vum PIB entsprécht.

Dëst weist, dass d’Staatschold sech an acceptabelem Niveauen beweegt an dass d'Scholdespiral nohalteg gebrach ass.

Den europäesche Verglach seet méi wéi 1000 Wieder :

2018 wäert d'Schold zu Lëtzebuerg bei 22,7% leien; an Däitschland bei 63,3%, a Frankräich bei 96,7% an an der Belsch bei 105%. D'Moyenne an der Euro-Zone läit bei 89,5%. Mir stinn am Verglach also excellent do.

Dernière mise à jour