Op ee Bléck

01202_MFIN_Budget2025_graphiques

Kurs op muer. Ee Muer fir Jiddereen

„Mam Budget 2025 hale mir Kurs op muer. Ee Muer fir Jiddereen. Mam Budget 2025 wëlle mir Lëtzebuerg weider stäerken. Weider a Land a Leit investéieren. Fir méi Nohaltegkeet. Fir méi sozialen Zesummenhalt. Fir méi Zukunftsfäegkeet.“
Gilles Roth

Dës Budget schreift déi grouss Zieler vum Budget 2024 weider. Neie Schwong, Opschwong a Vertrauen, verbonne mat Entlaaschtung, Solidaritéit, Invest, Effizienz a Sécherheet.

  • Ee Budget mat Kurs op muer. Ee Muer fir Jiddereen.
  • Ee Budget fir Lëtzebuerg fir d’Zukunft ze stäerken. Virun allem d’Leit.
  • Ee Budget fir eng nohalteg sozial Finanzpolitik. Mam Mënsch am Zentrum.
  • Ee Budget als Invest an d’Leit. Mat méi Kafkraaft. Mat Entlaaschtung fir Klengverdénger an déi breet Mëtt.
  • Ee Budget fir de sozialen Zesummenhalt an eise soziale Fridden. Mat enger resolutter Bekämpfung vun der Aarmut.
  • Ee Budget vun der Nohaltegkeet. Mat gezielten Invester an e Klimaschutz, deen d’Leit mathëlt.
  • Dëse Budget stäerkt de Standuert Lëtzebuerg. Dëse Budget stäerkt eis Zukunftsfäegkeet. Mat vill Mobilitéit, gudde Schoulen, digitaler Innovatioun mat Kurs och a Richtung Kënschtlech Intelligenz.

Eckdate vum Staatsbudget

Zentralstaat

De Solde am Zentralstaat bleift weider defizitär. E beleeft sech 2025 viraussichtlech op minus 1,29 Milliarden Euro. Gutt 500 Milliounen Euro manner, ewéi am Pluriannuell am Mäerz 2024 geschat. 

Gemengesecteur

Fir de Gemengesecteur gëtt mat engem positive Solde iwwert déi ganz Period (2024-2028) gerechent. Den Iwwerschoss vu +68 Milliounen Euro am Joer 2025 wiisst op +234 Milliounen Euro um Enn vun dëser Legislatur.

Sécurité sociale

Op Säite vun der Sécurité sociale wäert sech de Solde Enn 2024 op +937 Milliounen Euro belafen. Enn 2025 gesi mir ee Solde vun +657 Milliounen Euro vir. D’Tendenz weist no ënnen. Dat bedéngt duerch vill Ofgäng an d’Pensioun an eng niddreg Progressioun vum Emploi. 

Gesamtstaat

Trotz däitlecher Verbesserung vum Solde am Zentralstaat iwwert déi nächst Joren, behale mir iwwert déi ganz Legislatur een negative Solde am Gesamtstaat, dat tëschent -0,3% an -0,6%. Dëst ass bedéngt duerch ee konstante Réckgang vum Iwwerschoss an der Sécurité sociale.

Opdeelung vun den Ausgaben an Einname vum Zentralsstaat

Op Ausgabesäit

D’Ausgabe vum Zentralstaat loossen sech follgendermoossen duerstellen.

  • 47% fir Sozialleeschtungen, Subsiden a Subventiounen. Wichteg fir eisen Triple S (fir sozial). 15% fir d’Altersversuergung. Beim Staat, den CFL oder an der Pensiounskeess.
  • D’Remuneratioune stelle 24% vun den Ausgaben duer.
  • 13% vun den Ausgabe vum Zentralstaat si fir Investitioune virgesinn. 4,6% vun eisem PIB. Méi wéi déi Jore virdrun. Wichteg Investitiounen an eis Mobilitéit, eis Nohaltegkeet, d’Digitaliséierung an eis Sécherheet.
  • D’Fonctionnements-Käschte leie viraussichtlech bei 8%. Manner wéi déi lescht Joren. Eng Steigerung vun 10% an der Moyenne aus de leschte Joren 2019-2023.
  • 7% vun den Ausgabe vum Zentralstaat sinn d‘Transferten un d’Gemengen.
    Mir brauche weiderhi staark Gemengen.

Méi allgemeng: Bei den Ausgabe gesi mir fir 2025 ee Plus vu 4,5% Progressioun vir. No +11,3% 2023. D’Zilsetzung fir 2025 ass kloer. D’Sue méi gezielt, intelligent an effizient auszeginn.

Op Recettesäit

Déi meeschten Einname komme vun den direkte Steieren (51%). Déi indirekt Steiere maachen ëmmerhin nach 36% vun de Gesamtrecetten aus. Eng Hausse am Verglach zum Budget 2024. 

Ee Budget am Zeeche vum Richtungswiessel

Mam Budget 2025 gëtt de Richtungswiessel agelaut. D’Ausgaben (+4,5%) wuesse manner séier wéi d’Recetten (+5,2%). De positive Schéier-Effekt ass domat erreecht.

Aktualiséiert