Eis Scholden

Mat däitlech manner Defiziter am Zentralstaat, och manner ëffentlech Schold. Dës Regierung steet fir eng ambitiéis an nohalteg Finanzpolitik. Den Triple A fest am Bléck. Ouni den Invest an d’Zukunft ze vernoléissegen.“
Gilles Roth

Eng responsabel Budgetspolitik. Previsibilitéit a Stabilitéit an der Finanzplanung si wichteg fir ee klengt Land. Si si de Garant fir den Triple A.

Dës Budget steet och am Zeeche vun enger ambitiéiser Budgetspolitik. Verantwortung heescht elo d’Zukunft virbereeden.

An der Nott un de Formateur vun Oktober 2023 goufen Defiziter am Zentralsstaat vun 3,6 Milliarden Euro fir 2024, 3,1 Milliarden Defizit an de Joren 2025 an 2026, an 2,9 Milliarden Euro fir 2027 virausgesot. D’Staatsschold wier 2027 iwwer 32% vum PIB geklommen.

Duerch däitlech manner Defiziter am Zentralstaat, hu mir elo och eng Trendwend bei der ëffentlecher Schold.

Mat ronn 2,2 Milliarde manner Schold 2024,1,8 Milliarde manner Schold 2025, 2 Milliarde manner Schold 2026, an 2,2 Milliarde manner Schold 2027.

Doduerch bleift d‘ëffentlech Schold déi ganz Legislaturperiod däitlech ënnert der 30%-Mark. 

Aktualiséiert