Op ee Bléck

Neie Schwong fir eist Land

Dëse Budget ass:

  • E Budget vun der Entlaaschtung. Vun de Leit an de Betriber. Finanziell. Awer och mat manner Bürokratie.
  • E Budget vun der Solidaritéit. Heiheem an dobaussen.
  • E Budget vum Invest. An d’Leit. An d’Betriber. An d’Infrastrukturen. An dat Digitalt. An d’Klima-Transitioun. An d’Zukunft. Grad den Invest an d’Leit ass dee wichtegsten. Wëll d’Stäerkt vun eisem Land si seng Leit!
  • E Budget vun der Effizienz. Virun allem beim Ausginn vun eise Suen. Hei musse mer kloer optimiséieren. Mir mussen eis Suen do ausginn, wou se dee gréisste Mehrwert brengen.
  • E Budget vun der nohalteger Ofsécherung. Dëse Budget ass zolitt a net op Sand gebaut. Mir ginn eis Suen mat Mooss a Mëtt aus. Mir dinn eis net plakeg aus. Mir halen eis Sputt a Spillraum fir d’Zukunft.

D’Tendenz, déi mir usteieren, ass kloer. Den negativen Schéiereffekt tëschent den Ausgaben an den Einnahmen wäert 2024 méi kleng ginn ewéi 2023. Fir 2025 schaffe mir un engem positive Schéiereffekt.
Gilles ROTH

Am Zentralstaat gëtt fir 2024 mat engem Defizit vun 1,9 Milliarden Euro gerechent. Dat ass eng Verbesserung vu ronn 1,7 Milliarden am Verglach zu der Nott un de Formateur vun der Inspection générale des finances (IGF).

D’Regierung schléit hei ee Richtungswiessel an. Si suergt dofir, dass d’Ausgaben iwwer déi nächst Joren net méi séier wuessen, wéi d’Recetten. 

 

De Solde vum Zentralstaat bleiwt defizitär. Mä den Trend weist an déi richteg Richtung. 

De Solde vun der Sécurité sociale geet iwwer den Zäitraum 2024-2027 kontinuéierlech rof. 

Dëst huet een direkten Impakt op de Saldo vum Gesamtstaat, deen den Total vum Zentralstaat, de Gemengen an der Sécurité sociale duerstellt. Fir de Gesamtstaat rechne mir déi nächst Joren mat Defiziter liicht ënnert der Milliard.

D’Ausgaben um Niveau vum Zentralstaat präsentéieren sech follgendermoossen:

  • 47% vun den Ausgaben fléisse weiderhin a Sozialleeschtungen, Subsiden a Subventiounen.
    Et sinn dëst wichteg Ausgaben fir den Zesummenhalt an eiser Gesellschaft, fir déi sozial Kohäsioun an eisem Land.
  • D’Remuneratioune maache 24% vun den Ausgaben hei aus. Hei maachen sech och déi 3 Indextranchen vu vergaangenem Joer bemierkbar.
    Dës Regierung stellt den Index net a Fro.
  • 13% vun den Ausgaben vum Zentralstaat si fir Investitioune virgesinn. Dat wiere 4,4% vum BIP (am Verglach : 4,2% am Joer 2023).
    Dat sinn Ausgaben fir ee modernt an attraktivt Lëtzebuerg.
  • D’Funktionnementskäschte gi vu geschaten 9% fir d’Joer 2023 op 8% am Joer 2024 rof. Dat ass een éischte Schrëtt.
    Eng Steigerung vun 10% an der Moyenne aus de leschte Joren 2019-2023 kënne mir kaum bäibehalen.
  • 7% vun den Ausgaben vum Zentralstaat sinn d‘Transferten un d’Gemengen.
    Mir brauche weiderhin staark Gemengen.

Op Recettesäit

Déi meeschten Einnahmen komme vun den direkte Steieren (51%).

Déi indirekt Steieren maachen ëmmerhin nach 34% vun de Gesamtrecetten aus.

  • Beim Zentralstaat, dem eigentleche Staat, gesi mir eng positiv Entwécklung vun de Einnahmen.

Dëse Budget ass ee Budget, deen neie Schwong fir eist Land bréngt. Fir den Opschwong vu muer, haut virzebereeden. Dësen Opschwong kënnt net vum selwen. Dee musse mir proaktiv siche goen, als Land, als Leit, an och als Politik.
Gilles ROTH

Aktualiséiert