Eis Scholden

Tëscht 2018 an 2023 ass d’Staatsschold kontinuéierlech ugewuess. An Zäite vu Kris ass dat normal.

An senger Nott un de Formateur vum 16. Oktober 2023 huet den nationale Wirtschafts- a Finanzkommittee (CEFN) virgerechent, dass d’Staatsschold schonn 2026 d’Grenz vun 30% vum Bruttoinlandsprodukt (BIP) kéint iwwerschreiden an 2027 bei iwwer 32% leien.

Dës Regierung ass ugetrueden fir eng responsabel an nohalteg Budgetspolitik. Dës Politik féiert dozou, dass eis Staatsschold bis un d’Enn vun dëser Legislaturperiod manner staark wiisst an zu all Moment ënnert 30% vum BIP leien.

Mir si keng 30% Fetischisten. Dës Regierung mécht eng zielféierend a beduecht Scholdepolitik, déi eis den Triple A garantéiert. Dat ass zentral fir eist Land, seng Leit a virun allem fir d‘Finanzplaz. D’Schold vun haut ka séier zu de Steiererhéijunge vu muer ginn.
Gilles ROTH

Aktualiséiert