Op ee Bléck


De Budget 2019 steet ënnert dem Zeechen vun der sozialer Kohäsioun an der Gerechtegkeet, vun der Kompetitivitéit, der Nohaltegkeet, a vun der Wäitsiicht. – Pierre Gramegna

Wéi de Premierminister den 11. Dezember 2018 den Regierungsprogramm an der Chamber virgestallt huet, huet hie gesot : "et ass e Programm vun der Wäitsiicht, der Gerechtegkeet, der Nohaltegkeet, der sozialer Kohäsioun an der Kompetitivitéit vun eisem Land."

Et si genee des Prioritéiten, déi een och am Budget vun dësem Joer erëm fënnt. Mat dësem Budget ginn elo schonn wichteg Elementer vum Regierungsprogramm ëmgesat.

De Budget 2019 baséiert op de gudde Resultater vun der Finanzpolitik vun deene leschte fënnef Joer, a stellt d'Weichen fir déi nächst fënnef Joer.

Am Budgetsgesetz sinn eng Réi budgetär an steierlech Mesure (pdf, 1.08Mo) virgesinn, fir d’sozial Kohäsioun an d'Gerechtegkeet am Land ze fërderen, d'Entreprisen méi kompétitiv ze machen, d'Digitaliséierung vum Land weiderzedréiwen an den Transport weider méi nohalteg ze gestalten.

 

2019 läit de Solde vun der Administration publique bei 632 Milliounen Euro, wat 1 % vum PIB entsprécht. De Budget pluriannuel weist, dass dësen Iwwerschoss progressiv erop bis op 1,4 Milliarden oder 2,0% vum PIB am Joer 2022 wärt goen.

Bei der Sécurité Sociale wäert all Joer bis 2022 een Iwwerschoss vun ronderëm enger Milliard EUR oder 1,6% vum PIB enregistréiert ginn. Dës gutt Resultater si gedriwwen vun der weiderhin positiver Entwécklung um Aarbechtsmaart. Par rapport zum Budget 2018 ginn d'Cotisatiounen dëst Joer doduercher 5,4% erop.

D'Entwécklung vun de Gemengefinanzen schreift sech an d'Kontinuitéit vun de leschte Joren an. Iwwer déi ganz Period bleiwen d'Solden hei am positive Beräich. Tëscht 2019 an 2022 ass all Joer een Iwwerschoss vu ronn 300 Milliounen Euro oder 0,5% vum PIB virgesinn.

Um Niveau vun der Administration Centrale läit den Solde fir 2019 bei -650 Milliounen Euro. Dee geet d'Joren duerno progressiv erof, an 2022 leit en matt -44 Milliounen Euro da erëm ganz no beim Equiliber.

 

D’Dépensen vun der Administration Centrale :

Dee gréissten Deel vun den Depense vum Staat sinn Transferten, Sozialleeschtungen, Subsiden, an Subventiounen: zesummen machen dat 48% - also bal d'Hallschent vun den Depensen. Et ass also effektiv ee Budget vun der sozialer Kohäsioun a vun der Gerechtegkeet.

13% vun den Depensen fléissen an d'Investissementer. Dat ass eng Progressioun vun iwwer 15% par rapport zum Budget 2018. D’Investissementer leie also weiderhin op ganz héijem Niveau, fir d’Land op d’Zukunft virzebereeden

2019 ginn d'Investissementer fir d'éischte Kéier op iwwer 2,5 Milliarden erop, oder 4,4% vum PIB. Dat läit wäit iwwert der EU Moyenne vun 2,9%.

Ronn 20% vun allen Investissementer, déi de Staat 2019 mécht, sinn am Interêt vum Ëmwelt- a Klimaschutz. Dës Proportioun wäert bis 2022 op bal ee Véierel eropgoen (23,3%).

D’Recetten vun der Administration Centrale :

De gréissten Deel vun de Recetten - 47% - kënnt aus den direkte Steieren, déi d’Leit an d’Entreprisen bezuelen. Deen 2t-gréisste Posten maachen déi indirekt Steieren aus - dat sin 38%. 

 

Iwwert déi ganz Period vun 2018-2022 wäert Lëtzebuerg déi europäesch Regelen vum Pacte de Stabilité et de Croissance - mat enger Marge de sécurité  anhalen, d.h de Solde structurel wärt zu all Moment iwwert dem OMT leien

Fir 2019 ass den OMT nach op -0,5% festgesat. Den Solde structurel läit mat +0,9%, also däitlech driwwer. Fir d'Joren 2020, 2021 an 2022 wäert den OMT bei +0,5% leien. Mat 0,8%, 1,1% an 1,8% wäert de Solde structurel awer ëmmer driwwer leien. 

Dernière mise à jour