Eis Scholden

D’Staatschold louch 2018 bei 21,4% - wat schonn eng nette Baisse par rapport zu 2013 war. Enn 2019 wäert se bei 20,2% leien an trotz den héijen Investissementer wäert se bis d'Joer 2022 weider erof op 18,4% vum PIB goen.

Si läit also och weiderhinn ëmmer ennert der Limite vun 30%, déi d'Regierung sech an de Programm geschriwwen huet. An nach méi wäit ënnert der europäescher Limitt vu 60%.

Am Verglach mat eisem Räichtum, also mam PIB, geet d'Schold also weider konsequent erof.

An Zäiten, wou d‘Zënsen historesch niddereg sinn, a Lëtzebuerg duerch säin AAA excellent Konditiounen op de Mäert kritt, kann de Staat sech sou bëlleg refinanzéieren wéi scho laang net méi.

2019 wäert d'Zënslascht op de Scholden souguer nach eng Kéier 15,6% ënnert dem Niveau vun 2018 leien.

 

Dernière mise à jour