Op ee Bléck

De Budget 2017 ass ee Budget vun der Qualitéit, der Solidaritéit, an der Kompetitivitéit. – Pierre Gramegna

De Budget 2017 ass ee Budget vun der Qualitéit, well en den Accent op Qualitative Wuesstem leet. Et ass ee Budget vun der Solidaritéit, well en den Zesummenhalt an der Gesellschaft weider stäerkt; an et ass et Budget vun der Kompetitivitéit, well en eist Land an eis Wirtschaft op d’Erausfuederungen vun der Zukunft virbereet.

Säit 2014 ginn d’Investissementer ënnert dëser Regierung konstant erop. 2017 leien se nach emol iwwert 100 Milliounen méi héich ewéi am Budget 2016.

Dépenses d'investissements

Bal ee Véierel dovunner si gréng Investissementer am Intérêt vum Klima a vum Ëmweltschutz, deenen hiren Niveau 2017 méi wéi duebel sou héich läit wéi 2013.

Evolution des investissements environnementaux et climatiques

Wann ee gären ee performanten ëffentlechen Déngscht hätt, an engem Land wat 4% wiisst, da muss een dofir suergen, dass ee genuch qualifizéiert Leit huet, fir dee Wuesstem och op Staatssäit ze begleeden. Am Ganzen wäert de Staat 2017 iwwer 1000 nei Poste schafen, dovunner 544 am Enseignement an 100 bei der Police.

An der Administration Publique, dem Gesamtstaat, wäerte mer 2017 een Iwwerschoss vun 153 Milliounen hunn, oder 0,3% vum PIB. De Budget pluriannuel weist, dass deen Iwwerschoss iwwert déi nächst Joren kontinuéierlech wäert an d’Luucht goen, fir 2020 bei 475 Milliounen oder 0,7% vum PIB ze leien.

Solde de l'Administration publique

Um Niveau vun der Sécurité Sociale 9,7 Mia Dépensen 10,6 Mia Recetten géintiwwer, wat engem Iwwerschoss vun 883 Milliounen entsprécht. Ronn d’Halschent vun de Recetten, 5,9 Milliarden sinn Cotisations sociales, déi d’Entreprisen an d’Salarieeë bezuelen, an 4,2 Milliarden sinn Contributiounen vum Staat. Den neie Congé parental schléit doranner 2017 mat 35 Milliounen zu Buch.

Um Niveau vun de Gemengefinanzen (Administrations locales) gesäit de Budget 2017 en zolitten Iwwerschoss vun 253 Milliounen vir. Am Kader vun der Reform vun de Gemengefinanzen gëtt een neien Fonds de dotation globale des communes geschaf, deen den Fonds Communal de dotation financière ersetzt. D’netto Transferten fir 2017, no der Reforme vun den Gemengefinanzen, ginn em 77 Milliounen oder 8,3% an Luucht, vun 930 Milliounen op 1007 Milliounen.

Um Niveau vun der Administration Centrale geet deen Defizit wéinst de Steiererliichterungungen an den héijen Investissementer 2017, op -1,7% vum PIB oder -984 Mio EUR erop, mä schonn d’Joer drop geet e rëm erof, an déi positiv Tendenz setzt sech dann och d’Joren duerno fort, fir 2020 -0,8% oder -571 Mio ze erreechen.

D’Dépensen vun der Administration Centrale :

Dee gréissten Deel vun den Dépense vum Staat sinn Transferten un d’Sécurité Sociale, Sozialleeschtungen, Subsiden, an aner Transferts de Revenus : zesummen 8,3 Milliarden, also bal d’Hallschent vum Total.

De soziale Charakter vun eisem Budget gëtt och nach emol ënnerstrach, wann een d’Lëscht vun deene Poste kuckt, déi tëscht 2016 an 2017 am meeschten eropginn. Do fënnt een :

  • +49 Mio fir d’Allocations Familiales
  • +42,9 Mio fir de Congé Parental
  • +26,4 Mio fir d’Chèques Services
  • +22,6 Mio fir d’éducation plurilingue vun de Kanner

Dëst alles si weider Puzzlestécker vun engem Bild, wat lo ëmmer méi komplett gëtt, a weist, wéi des Regierung grad déi Allengerzéien an d’Familljen mat Kanner konkret ënnerstëtzt.

D’Recetten vun der Administration Centrale :

De gréissten Deel kënnt aus den direkte Steieren, déi d’Leit an d’Entreprisen bezuelen. Deen 2t-gréisste Posten maachen déi indirekt Steieren aus.

Iwwert déi ganz Period vun 2017-2020 wäert Lëtzebuerg déi europäesch Regelen vum Pacte de Stabilité et de Croissance anhalen, an den Objectif à moyen terme (OMT) nach iwwertreffen :

Solde structurel

Alles op ee Bléck :

 

Dernière mise à jour