Op ee Bléck

De Budget 2016 ass ee Budget vun der Kontinuitéit, vun der Zouverlässegkeet a vun der Solidaritéit.

Et ass ee Budget vun der Kontinuitéit a vun der Zouverlässegkeet, well d’Zuelen eis bestätegen : Mir sinn um richtege Wee. D’Mesuren vum Zukunftspak droen hir Friichten. Mir kommen eisem Ziel, d’Staatsfinanzen ze sanéieren, mat grousse Schrëtt méi no.

Et ass ee Budget vun der Solidaritéit, well knapps d’Halschent vun den Dépensen Prestations sociales, Hëllefen, Subventiounen an Transferte sinn.

Répartition des dépenses de l'administration centrale suivant leur nature économique

De Budget setzt 5 Prioritéiten:

  • de Wuesstem ënnerstëtzen ;
  • investéieren am Intérêt vun de Bierger ;
  • de Sozialstaat weider stäerken ;
  • de Klimawandel eescht huelen ;
  • Solidaritéit weisen iwwert eis Grenzen eraus.

Well d’Koalitioun schonn d’lescht Joer d’Weiche richteg gestallt huet, wäert et 2016 keng nei Belaaschtungen ginn. Au contraire: de Staat wäert 4,8% méi ausginn wéi nach d’Joer virdrun.

Vun 2014 op 2015 sinn d’Investissementer ëm 18,4 erop gaang. 2016 leien se nach emol 15% méi héich, dat sinn dann 2,249 Mia. Dat ass ee Rekordniveau.

Dépenses d'investissements de l'administration centrale

No de Regelen vun der europäescher Comptabilitéit hu mer bei der Administration Centrale 16.106,1 Mio EUR Recetten (ee plus vun 5,4%), géingt 16.738,7 Mio EUR Dépensen (ee plus vun 4,8%), an deemno een Defizit vun 632,6 Mio EUR, wat eng Verbesserung duerstellt vun 182,4 Mio par rapport zum Budget vum leschte Joer.

No de Regelen vun der lëtzebuerger Comptabilitéit hu mer 2016 13.066,6 Mio EUR Recetten (dat ass ee plus vun 5,6%), géingt 13.504,8 Mio EUR Dépensen (dat ass ee plus vun 4,3%). Domatter hu mer een Defizit vun 438,2 Mio EUR, och dat eng Verbesserung duerstellt vun 130 Mio par rapport zum Budget 2015.Evolution du solde de l'Administration centrale

D’Dépensen wuesse manner séier wéi d’Recetten. Dat ass wichteg fir d’Schéier tëscht Dépensen a Recetten bannent deenen nächste puer Joer rëm zesummen ze kréien, sou wéi d’Regierung sech dat virgeholl huet.

D’Recetten entwéckele sech korrekt.

Répartition des recettes de l'administration centrale suivant leur nature économique

D’Administration Publique weist 2016 een Iwwerschoss vun 268,8 Mio oder 0,5% vum PIB aus, dat sinn 217,5 Mio méi wéi 2015, wou en nëmme bei 0,1% vum PIB louch.

Bis 2019 wäert den Defizit vun der Administration Centrale weider erofgoen an den Iwwerschoss bei der Administration Publique weider klammen, bis op 453 Mio EUR. D’Staatsschold stabiliséiert sech.

Evolution du solde de l'Administration publique 

D’Regierung huet et domatter fäerdeg bruecht, dass mer fir 2016 ee Solde structurel vun +0,6% vum PIB op Bréissel melle kënnen, wat liicht iwwert dem Objectif budgétaire à moyen terme vun 0,5% läit, deen den europäesche Regelen entsprécht. Ech well drun erënneren, dass dat keng Selbstverständlechkeet ass. Ouni den Zukunftspak wäre mer 2016 bei -0,7% geland, woumatter Lëtzebuerg géingt verschidde Regelen vum Pacte de Stabilité et de Croissance verstouss gehat hätt.

Evolution du solde structurel

Mat dësem Budget kënne mer mat Vertrauen no vir kucken. - Pierre Gramegna

 

Fir méi Explikatiounen :

Dernière mise à jour