Eis Scholden

Tëscht 2009 an 2013 ass d’Staatsschold vu Lëtzebuerg vun 7% op 23% vum PIB ugewuess. De Scholdebierg ass a manner wéi 10 Joer vun eppes iwwert enger Milliard op iwwer 11 Milliarden ugewuess.

Evolution de la dette publique

Wann d’Regierung keng Mesure geholl hätt, wär d’Staatsschold 2019 bei knapps 17 Milliarde ukomm gewiescht. Dank dem Zukunftspak konnt d’Staatsschold iwwer déi nächst Joren ronderëm 24% vum PIB stabiliséiert ginn.

Projection de la dette publique (chiffres absolus et en % du PIB)

2016 wäert de Staat 172 Mio EUR just un Zënsen bezuelen. Dat ass méi wéi de Budget vum Ministère de la Justice, oder vum Ministère de la Culture.

Et ass also néideg d’Staatsschold am Grëff ze halen. Dat ass wichteg, well et net verantwortlech ass, dass mir haut Suen zur Fënster erausgeheien, an eis Kanner da muer fir eis Scholde mussen opkommen. D’Tendenz muss also dohinner goen, dass de Staat seng Scholden och rëm ofbaut an zréckbezilt.

Dernière mise à jour