Op ee Bléck

Déi heite Presentatioun geet net spezifesch an op d’Changementer am Kader vum Accord mat de Gewerkschaften vum 28. November 2014.

2015 wäerten eis Recetten op den direkte Steieren ëm 7,5% op 6,7 Milliarden eropgoen. Deen Trend gëtt haaptsächlech gedriwwe vun der Lounsteier, vun där mer méi erakréien, well weider nei Aarbechtsplazen entstinn, an d'Peien och rëm lues unzéien.

Bei den indirekte Steiere musse mer ee Réckgang vun 5,4% verbuchen, dee virun allem op d'Baisse vun eise Recetten op der TVA zréckzeféieren ass. Déi geet ënnert dem Stréch 11,2% erof. D'Ewechfale vun der TVA électronique räisst hei ganz kloer ee Lach. An dat géif ouni den Zukunftspak an den nächste Joren nach méi grouss ginn.

Ënnert dem Stréch ginn eis Recetten ëm 1,4% erop, nom Gesetz iwwer d’lëtzebuerger Comptabilitéit vun 1999, an 2,9% no europäesche Regelen. Dat ass vill manner, wéi den Trend vun deene leschte Joren.

Eis Depensen dogéint wuessen ee gutt Stéck méi staark. Grat well et der Regierung wichteg war, net op der falscher Plaz ze spueren, an d'Land optimal op d'Zukunft virzebereeden, wuessen eis Depensen 2015 ëm 4,0 %. Dat ass manner, wéi d'Moyenne vun de läschte Joren. Mir leien hei en ligne mat 2014, wou mer deen neien Trend ageleet hunn.

Wat d'Investissementer betrëfft, déi waren vun 2013 op 2014 schonn ëm 9% eropgesat ginn. Vun 2014 op 2015 wuessen se nach vill méi staark, ëm 16%, a leien dann bei 1,769 Milliarden! An deen Trend wäert bis 2018 sou weidergoen.
Eise Budget huet eng staark sozial Komponent. Bal d’Halschent vun eisen Depensen sinn Transferten un d’Sécurité sociale, sozial Leeschtungen, Subsiden, asw.

Wann een d'Recetten an d'Depensen niewentenee kuckt, da gesäit een, dass kuerzfristeg d'Schéier tëscht deem wat mer erakréien, an deem wat mer ausgi rëm ausernee geet. Méi laangfristeg gesinn, si mer awer um richtege Wee. Bis 2018 kréie mer déi Schéier rëm zesummen.

Mat eisem Zukunftspak hu mer et fäerdeg bruecht, den Defizit vun der Administration centrale, vun 1.567 Milliounen, wou mer 2015 gelant wäre, wa mer näischt gemaach hätten, op 816,6 Milliounen erofzebréngen. Domadder hu mer den Defizit quasi halbéiert.

Wann een eis ëffentlech Finanzen an hirem Ensembel kuckt, also d'Sécurité sociale an d'Gemengefinanze mat arechent, also dat, wat mer d'Administration publique nennen, da gesäit een, dass mer do elo schon 2015 net wäit vum Equiliber leien.

Dat ass gutt. Mee et däerf een net vergiessen, dass den Defizit vun der Administration Centrale an där Rechnung vum Iwwerschoss vun der Sécurité Sociale opgefaange gëtt. Interessanterweis gëtt et deen Iwwerschoss awer just dofir, well mir d'Sécurité Sociale aus dem Staatsbudget mat 2,9 Milliarde bezouschossen, dovun alleng d’Pensiounskeess mat 1,5 Milliarden.

Dernière mise à jour