Eis Scholden

Eise Scholdebierg ass a manner wéi 10 Joer vun eppes iwwert enger Milliard op iwwer 11 Milliarden Euro ugewuess. De Coût vun der Bankerettung mécht dovunner nëmmen 2,5 Milliarden aus. Wann d'Regierung där Saach einfach nokucke géif, dann hätte mer am Joer 2018 eng Schold vu wäit iwwer 16 Milliarden. Fir e klengt Land wéi Lëtzebuerg wär dat eng ganz geféierlech Situatioun.

De Stand vun der Dette publique läit bei 10.974 Milliounen EUR, also knapps 11 Milliarden.
De Scholdestand vum Gouvernement Central, wou d’Regierung iwwert de Budget direkten Afloss drop huet, läit bei 7.282 Milliounen (21.08.2014), dat mécht also ronn 14.000 EUR op de Kapp.

Et muss ee wëssen, dass mir haut scho kräfteg Zënsen op eiser Schold bezuelen. Am Moment sinn dat iwwer 200 Milliounen d'Joer. 200 Milliounen d'Joer, dat ass all Dag d'Géigevaleur vun engem groussen Appartement.

Déi heite Presentatioun geet net spezifesch an op d’Changementer am Kader vum Accord mat de Gewerkschaften vum 28. November 2014.

Dernière mise à jour