Op ee Bléck
“Fir d’Leit. Fir Opschwong. Dat sinn déi grouss Prioritéite vun dësem Budget. E Bierger-Budget fir eise Lëtzebuerger Modell. Fir sozialen Zesummenhalt.
E Lëtzebuerger Modell, deen eis staark gemaach huet. Ee Modell, deen d‘Land zesummenhält. Andeems mir Aarmut bekämpfen. Andeems mir déi breet schaffend Mëtt stäerken.
Dëse Budget liwwert méi Kafkraaft, méi Entlaaschtung, méi Netto vum Brutto. A mir halen d’Staatsfinanzen ënnert Kontroll.“
Gilles Roth
Eckdate vum Staatsbudget
Gesamtstaat
De Gesamtstaat wäert viraussichtlech mat engem Defizit vu 570 Milliounen Euro (-0,6% vum PIB) ofschléissen. No engem Minus vu ronn 1 Milliard Euro 2026. Och hei wäit weg vun den Zuelen aus der Nott un der Formateur (à politique inchangée).
Zentralstaat
No geschaten 1,89 Milliarden Euro Defizit 2026 gëtt fir 2027 mat engem Defizit vu ronn 1,9 Milliarden Euro gerechent. Ronn 700 Millioune manner Defizit wéi an der Nott un de Formateur (à politique inchangée) fir 2027.
Gemengesecteur
2027 gëtt mat engem Iwwerschoss vu 495 Milliounen Euro gerechent. +0,5% vum PIB.
Sécurité sociale
Fir 2027 gëtt och hei mat engem Iwwerschoss vun 920 Milliounen Euro gerechent.
Opdeelung vun den Ausgaben an Einname vum Zentralsstaat
Op Ausgabesäit
D’Ausgabe vum Zentralstaat loossen sech follgendermoossen duerstellen.
- 47% fir Sozialleeschtungen, Subsiden a Subventiounen. Well Aarmut bleift inakzeptabel.
- D’Remuneratioune belafe sech op 24% vun den Ausgaben. Mir brauchen ee staarke Staat.
- 13% vun den Ausgabe vum Zentralstaat si fir Investitioune virgesinn. 4,5% vun eisem PIB.
- D’Fonctionnements-Käschte leie viraussichtlech bei 7%. Ronn 1%-Punkt manner wéi d’lescht Joer.
- 7% vun den Ausgabe vum Zentralstaat sinn d‘Transferten un d’Gemengen. Am Déngscht vun eise Bierger.
Op Recettesäit
Wéi déi lescht Jore kommen déi meeschten Einname vun den direkte Steieren (52%). Déi indirekt Steiere maachen am ganze 34% vun de Gesamteinnamen aus.
Ee Budget „Fir d’Leit“ hält net beim Wuelstand op.
„Fir d’Leit“ geet beim Wuelbefanne weider. Duerfir gouf de Budget nom Modell vum PIB vum Wuelbefannen weiderentwéckelt. Mat weiderhi 6 Indicateure fir d’Vergläichbarkeet:
Aktualiséiert den