Op ee Bléck

Matenee wuessen.

“Eise Mateneen ass d’Fundament vum eisem Wuesstem. An eise Wuesstem ass d’Resultat vun eisem Mateneen. Mam Budget 2026 wëlle mir méi Wuesstem mat méi Matenee schafen. Sou stäerke mir Land a Leit.“

Gilles Roth

Eckdate vum Staatsbudget

Zentralstaat

De Solde am Zentralstaat wäert 2025 viraussichtlech manner héich ausfale wéi nach 2025 geschat. Fir 2026 gëtt mat engem Defizit vun 1,49 Milliarden Euro gerechent. Ronn 400 Milliounen Euro méi wéi d’lescht Joer geschat. Wäit weg vun den 2,69 Milliarden Euro déi an der Nott un de Formateur (à politique inchangée) fir 2026 virgezeechent goufen. 

Gemengesecteur

2026 gëtt mat engem Iwwerschoss vu 85 Milliounen Euro gerechent. 

Sécurité sociale

Fir 2026 gëtt och hei mat engem Iwwerschoss vun 996 Millioune gerechent.

Gesamtstaat

De Gesamtstaat wäert viraussichtlech mat engem Defizit vu 408 Milliounen Euro (-0,4% vum PIB) ofschléissen. No engem Minus vu 706 Milliounen Euro 2025. Wäit weg vun den Zuelen aus der Nott un der Formateur (à politique inchangée). 

Opdeelung vun den Ausgaben an Einname vum Zentralsstaat

Op Ausgabesäit

D’Ausgabe vum Zentralstaat loossen sech follgendermoossen duerstellen.

  • 46% fir Sozialleeschtungen, Subsiden a Subventiounen. Wesentlech am Kampf géint d’Aarmut.  
  • D’Remuneratioune belafe sech op 24% vun den Ausgaben. Och d’Bezuelung ass wichteg.
  • 14% vun den Ausgabe vum Zentralstaat si fir Investitioune virgesinn. 4,8% vun eisem PIB. Gutt 500 Milliounen Euro méi wéi am Duerchschnëtt déi lescht 4 Joren.
  • D’Fonctionnements-Käschte leie viraussichtlech bei 8%. Manner wéi déi lescht Joren.
  • 7% vun den Ausgabe vum Zentralstaat sinn d‘Transferten un d’Gemengen. Mir brauche weiderhi staark Gemengen.

Méi allgemeng: Bei den Ausgabe gëtt mat engem vu 5,7% fir 2026 gerechent.  Fir d’Stäerkung vum Sozialen Zesummenhalt an der Kompetitivitéit vun eise Betriber. Fir méi ee modernen, digitalen an nohaltege Staat mat enger gudder Mobilitéit, mat gudden Infrastrukturen a méi Wunnengsbau. 

Op Recettesäit

Och 2026 kommen déi meeschten Einname vun den direkte Steieren (51%). Déi indirekt Steiere maachen ëmmerhin nach 35% vun de Gesamteinnamen aus.

Ee Budget am Zeeche vum méi Mateneen a vum méi Wuelbefannen

Matenee wuessen ass net just PIB-Wuesstem. Et ass och de Wuesstem vum Wuelbefannen. Fir de Wuelstand an d’Liewensqualitéit méi ganzheetlech ze moossen. Et goufen hei eng Rei Indicateuren zréckbehalen – och am Austauch mat der Chamber. Dës Indicateure kënnen nach evoluéieren. Éischt Zuelen hei.

Aktualiséiert den