Op ee Bléck

Dëse Budget ass realistesch, solidaresch a responsabel.
Et ass ee Krisebudget fir Krisenzäiten
.
Yuriko Backes
 

D'Welt stécht matzen an enger Permakris. Déi wirtschaftlech Onsécherheeten si grouss. Bis elo huet d'Land et färdeg bruecht relativ gutt duerch de Stuerm ze kommen. Mam Budget 2023 ginn Mesuren finanzéiert, déi néideg sinn, fir d'Inflatioun ze bremsen a fir de Leit an den Entreprisen ze hëllefen. An et gëtt investéiert fir, dass Lëtzebuerg gestäerkt aus der Kris erauskënnt.

Mam Budget 2023 gëtt den Accent op eng responsabel Steierpolitik, eng koherent Logementspolitik, eng kompetitiv Standuerdpolitik an eng stark Défense geluet. Déi nohalteg Investitiounspolitik am Sënn vun der Energie-Transitioun an der Digialisatioun vun der Regierung gëtt weider héich gehalen.  

Mam Budget 2023 ginn eng Rei Steiermesuren geholl:

  • Déi Leit, déi et am meeschte brauchen, kréie gezielt gehollef. De Crédit d'Impôt fir d'Monoparentauxen gëtt substantiell eropgesat. De Crédit d'Impôt fir déi Leit, déi de Mindestloun verdéngen, gëtt no uewen ugepasst.
  • De “Régime d’impatrié” gëtt méi attraktiv maachen, fir esou Talenter aus dem méi wäiten Ausland unzezéien. Den Seuil vum Akommes vun deem un dës Mesure gräift, geet erof vun 100.000 op 75.000 Euro pro Joer.
  • Am selwechte Sënn wäert de Regime vun der „Prime Participative“ méi breet opgestalt ginn, fir dass méi Firmen d'Méiglechkeet kréien, hire Salariéën dësen Avantage ze accordéieren.
  • Fir d'Installatioun vu Solarpanelen gëtt d'TVA  vum 1. Januar vun 17% op 3% erofgesat.
  • Fir d'Economie circulaire weider ze encouragéieren, gëtt d'TVA op Reparaturservicer vun Haushaltsgeräter vun 17% op 8% erofgesat.
  • Fir d’Leit nach méi ze incitéieren fir de Velo ze huelen, gëtt d’TVA op Veloen an op E-Bikes op 8% erofgesat.
  • Dëss Tauxen ginn duerch den Tripartite-Accord fir d’Joer 2023 souguer vun 8% erof op 7%.
  • Vun 2023 un brauchen all Leit an all Entreprisen, déi eng Steiererklärung maachen, déi net méi op den 31. März, respektiv den 31. Mee eranzereechen, mä réischt op den 31. Dezember.

D’Regierung wäert d'Entwécklung vun de Staatsfinanzen a vun der Weltwirtschaft natierlech genee suivéieren.
Wann een an e puer Méint gesäit, dass d'Situation et erëm zouléisst, an d’Perspektiven strukturell besser sinn wéi erwaart, dann wäerte zousätzlech Steiererliichterungen kommen.
Yuriko Backes
 

Am Gesamtstaat, deen den Total vum Zentralstaat, de Gemengen an der Sécurité sociale duerstellt, gëtt fir 2023 mat engem Defizit vun 1,8 Milliarden gerechent.  Hei wäert sech de Solde d'Joren duerno progressiv verbesseren.

De Stabilitéitspakt bleift fir d’Joer 2023 ausser Kraft. Dofir spillt den objectif budgétaire à moyen terme (OMT) och d’nächst Joer net.

11092_MFIN_Budget2023_graphiques

D'Situatioun bei de Gemenge bleift stabel, mat engem liichten Iwwerschoss, deen 2023 bei 35 Millioune läit, an da bis op 58 Milliounen am Joer 2026 eropgeet. Well den Aarbechtsmaart sech weider relativ gutt entwéckelt, bleift d'Sécurité sociale iwwer déi ganz Period am Iwwerschoss.

Den Trend weist awer och, dass dësen Iwwerschoss progressiv erofgeet, vu bal enger Milliard 2023 op 679 Milliounen 2026.

11092_MFIN_Budget2023_graphiques

Wéi gesinn dann d'Dépensen aus?

11092_MFIN_Budget2023_graphiques

Fir all Euro deen d’Administration centrale ausgëtt, sinn:

  • Bal d’Hallschent fir d’Sozialleeschtungen, Subsiden a Subventiounen. Dat ënnersträicht kloer déi sozial a solidaresch Ausriichtung vun dësem Budget.
  • 23% fir d’Remuneratiounen. Mam Budget 2023 gi ronn 400 nei Poste beim Staat geschaaft, fir e performanten ëffentlechen Déngscht och an Zukunft ze garantéieren.
  • 14% fir déi direkt an indirekt Investissementer.
  • 9% fir d’Frais de Fonctionnement.
  • 7% fir d’Transferten un d’Gemengen.
  • 1% fir d’Zënsen op der Staatsschold. 

D’Investissementer fir d‘Joer 2023 ginn konsequent héich gehalen.

D'nächst Joer sinn dofir 3,8 Milliarden Euro virgesinn, wat ronn 4,6% vum PIB entsprécht. Dat sinn iwwer 600 Millioune méi wéi dëst Joer.

Dat si keng abstrakt Zuelen, mä nei Infrastrukturen, Stroossen, Schinnen, Gebaier, Schoulen, déi dréngend gebraucht ginn, fir eist Land weider ze moderniséieren, an eis Liewesqualitéit héich ze halen.

11092_MFIN_Budget2023_graphiques

Déi gréisste Recettë fir 2023 sinn, wéi gewinnt, d’direkt Steieren déi op ronn 11,8 Milliarden Euro geschat, also 48% vun all de Recettë vum Zentralstaat.

Duerno kommen d’indirekt Steieren, mat 9,3 Milliarden Euro, déi 38% vum gesamte Montant entspriechen.

Hei muss ech awer och bemierken, dass d’Accisen um Petrole manner gutt lafen, an d’Recettë bei der Taxe d’abonnement zeréckginn. Dat ass och deem entspriechend budgetiséiert.

All déi aner Recetten zesumme wéi z.B. Loyeren an Dividendë maachen 14%.

11092_MFIN_Budget2023_graphiques

Mat dësem Budget komme mer gestäerkt aus der Krise eraus !
Yuriko Backes

Aktualiséiert