Op ee Bléck

De Wäibierg steet fir d'Nohaltegkeet an de Klimaschutz, de rouden Fuedem fir déi stark sozial Komponent,  déi sech duerch de ganze Budget zitt, de bloen Himmel fir déi gutt finanziell Perspektiven.  - Pierre Gramegna

D’Liewen zu Lëtzebuerg huet sech normaliséiert.  Eng Normaliséierung, déi sech och an de Zuelen vum Budget 2022 weist. Elo ass de Moment fir sech de groussen Erausfuederungen vun der Zäit ze stellen. De Moment fir d'sozialt Netz ze stäerken, d'Digitalisatioun ze acceleréieren, an d'Erausfuederungen vum Klimawandel unzepaken. Mam Budget 2022 ginn dofir déi néideg Weiche gestallt.

D’Prioritéiten vun dësem Budget kann een matt dësen Wieder zesummen faassen: Investissementer héich haalen, Klimawandel bekämpfen, abordabelen Wunnraum erméiglechen, an d'Bildung investéieren an d’Digitaliséierung acceleréieren.

D’lescht Joer wor een fir 2020 vun engem Defizit vun -4,4 Milliarden Euro bei der Administration Publique ausgaangen ; 2021 dann vun engem Defizit vun -1,8 Milliarden Euro.

Haut gesait een dass d’Administration publique 2020 mat engem Minus vun -2,3 Milliarden Euro, respektiv -3,5% vum PIB ofgeschloss  huet, also knapp iwwert dem Maastricht Seuil.

Fir 2021 rechent een mat engem Defizit vun nëmmen nach -416 Milliounen Euro an der Administration publique, daat entsprécht -0,6% vum PIB. Fir 2022 dann just nach matt engem liicht negative Solde vun -143 Milliounen Euro oder -0,2% vum PIB.

Domat erreecht d'Land schonn 2 Joer no enger vun de gréissten Krisen quasi erem den Equiliber an de Staatsfinanzen.

De Solde vun der Sécurité Sociale ass virgesinn fir weiderhin am positiven Beräich ze bleiwen.

2019 hat d’Sécurité Sociale nämlech en Surplus vun +1,2 Milliarden Euro. 2020 ass deen op 880 Milliounen Euro gefall. 2021 wäert en dann bei 785 Milliounen Euro leien, duerch de weideren Impakt vun der Kris. Fir 2022, wäert den Solde vun der Sécurité Sociale op +853 Milliounen Euro klammen, also +1,2% vum PIB. 

Wann een sech den Solde vun den Gemengen ukuckt, déi an den leschten Joren ëmmer en raisonnabelt positiivt Resultat ugewisen hunn, da gesäit een dass d’Kris och si net verschount huet.

2019 hate mer hei nach een Iwwerschoss vun + 299 Milliounen Euro. Mam Impakt vun der Kris louch deen 2020 bei +42 Milliounen Euro, wat e manner schlëmmt Resultat wei Verschiddener gefaart hunn.

Bei de Gemengen gesinn mir 2021 och eng positiv Tendenz an 2022 wäert de Solde bei erëm ronn +234 Milliounen Euro leien.

D’Efforten an der Lutte géint d’Pandemie haaten hiere Präis. Daat gläichzäitegt Ausfaalen vun engem Deel vun de Recetten, hunn mat sech bruecht dass 2020 mat engem ganz héijen Defizit vu bal -3,2 Milliarden Euro ofgeschloss ginn ass. Dat wor en aussergewéinlechen Defizit fir eng aussergewéinlech Situatioun.

Am Joer 2021 verbessert sech den Trend: Mat -1,4 Milliarden Euro, gëtt den Defizit méi wéi halbéiert.

2022 wäert den Defizit weider erofgoe, op -1,2 Milliarden Euro. Den Trend wäert och esou virugoen.

Duerch déi ambitiéis Investissements-Politik wäerten d’Dépensen 2022 am Ganzen weider klammen an op 23,5 Milliarden Euro eropgoen, wat eng Hausse vun +3,4% par rapport zu 2021 duerstellt, wou se schonn duerch d’Krise immens héich woren.

Fir all Euro deen d’Administration centrale ausgëtt, wäerten ronn:

  • 47%, also bal  d’Halschecht an d’Sozialleeschtungen, Subsiden a Subventiounen fléissen. Dëst ennersträicht kloer déi sozial Ausriichtung, déi sech wéi en Rouden Fuedem duerch de Budget zitt.
  • Den zweetgréissten Posten sinn d’Remunératiounen, mat 23,5%. Mam Budget 2022 ginn ronn 2.300 Posten beim Staat geschaaf.
  • Dann kommen d’Investissementer mat 13,4%.
  • 8,6% vun den Dépensen wäerten an d’Frais de Fonctionnement fléissen, also lafend Käschten wéi zum Beispill Loyeren an Entretien.
  • D’Transferten un d’Gemengen representéieren 7,2% vun den Dépensen.
  • D’Zënsen op der Staatsschold maache manner wéi 0,5% aus

D’Investissementer fir d‘Joer 2022 an déi Zäit duerno ginn konsequent héich gehalen.

2022 leien se bei 3,2 Milliarden Euro, wat ongeféier 4,5% vum PIB entsprécht, an se klammen nach weider bis op 3,6 Milliarden Euro bis 2025.

Domatten bereed de Budget d‘Zäit no der Pandemie vir, an dat virun allem fir déi nohalteg an digital Transitioun virunzebréngen.

Fir 2022 klammen d’Recetten weider ëm +4,3% op 22,3 Milliarden Euro. Dëst ass eng Progressioun, iwwert déi een sech freeën kann.

Déi gréissten Recetten fir 2022 sinn, wéi gewinnt, d’direkt Steieren. 2022 ginn déi op ronn 10,1 Milliarden Euro geschat, also 45,6% vun all den Recetten vun der Administration centrale.

Duerno kommen d’indirekt Steieren, mat 8,9 Milliarden Euro, déi 40,3% vum gesamten Montant vun den Recetten entspriechen.

De Rescht vun de Recetten sinn d’sozial Kotisatiounen, d‘Recetten vun den Etablissements Publics esou wéi och Loyeren an Dividenden.

Aktualiséiert