Vill gestallte Froen

En Fro ? Eng Idee ?

Schreift eis!

Däerf ech d’Grafiken an d’Donnéeën hei vum Site fräi benotzen?

Jo! Dofir si se do. De ganze Budget ass fräi disponibel, a kann ouni Restriktioun beaarbecht, interpretéiert oder weiderverdeelt ginn, ënnert de Bedéngungen vum Creative Commons CC0 1.0 Transfert dans le Domaine Public.

Wann dir allerdéngs Donnéeë déi op dësem Site verëffentlecht si weidernotzt, biede mir iech eise Guide d’utilisation des données (ënnen an eise rechtlechen Aspekter) ze respektéieren, an d’Quell vun den Donnéeën ze nennen wou ëmmer dat méiglech ass.

D’Zuele vum Budget sinn als Open Data disponibel, a kënnen an de Links & Dokumenter erofgeluede ginn.

De Montant vun den Dépensen op der Factsheet « Finances Publiques » an op der Säit « D’Ausgaben am Detail » ass net d’selwecht. Wéi ass dat méiglech?

De Graphique um Factsheet ass no der europäescher Norm (SEC 2010) opgestallt ginn. De Staatsbudget gëtt opgestallt no de Prinzipie vum Gesetz vum 8. Juni 1999 iwwert de Budget an d’Comptabilitéit vum Staat.

Technesch Detailer iwwer d’Ënnerscheeder tëscht deenen zwou Opstellunge fënnt een op der Säit 16, Kapitel 6 vum Volume 2 vum Budget 2016.

Wat ass de “Commerce électronique” vun deem esou vill Riets geet?

Lëtzebuerg hat bis 2015 deen déifsten TVA Taux an der EU fir elektronesch Bicher. An der Lëtzebuerger Optik ass “e Buch e Buch” an dofir gouf de super-reduzéierten Taux vun 3% applizéiert. Dat huet derzou gefouert, dass e groussen Deel vum Marché vun elektronesche Bicher iwwer Lëtzebuerg gelaf ass an dofir TVA-Recetten an d’Staatskeess gespullt goufen.

2015 ass awer eng EU-Direktiv a Kraaft, déi virschreift, dass d’TVA an deem Land ufält, wou dee wunnt, deen d'Buch keeft. Domatter verléiert Lëtzebuerg progressiv TVA-Recetten an der Héicht vun iwwer 720 Milliounen Euro d’Joer.

Dernière mise à jour