Vill gestallte Froen

Eng Fro? Eng Suggestioun? Schreift eis!

Wat sinn d’Ännerungen nom Accord mat de Gewerkschaften vum 28. November 2014 ?

D'Europäesch Kommissioun huet dee Projet, deen ech am Oktober virgeluecht hunn, am Detail gekuckt, an eis gréng Luucht ginn. Net nëmme fir 2015. D'Kommissioun huet eis den 28 November gesot, dass Lëtzebuerg mam Budget Pluriannuel bis 2018 konform mat den europäesche Regelen ass. Mir sinn domadder eent vun deene Länner, wat de Stabilitéitspakt an all Hisiicht zouverlässeg respektéiert. Och nom Accord mat de Syndikater bleiwe mer an de Limite vun de Kritäre vun der Kommissioun. Dat schaaft Vertrauen.

Den Text vum Accord fannt der ënner Links & Dokumenter.

Däerf ech d’Grafiken an d’Donnéeën hei vum Site fräi benotzen?

Jo! Dofir sinn se do. Jiddereen däerf se sharen. D’Grafiken an Zuele däerf een awer net manipuléieren. All d’Donnéeën vun engem xls däerfe fräi exportéiert an traitéiert ginn.

Wat fir Referenzzuelen hutt der geholl fir d’Dette ze weisen?

Um Niveau vun de Finances Publiques mécht een den Ënnerscheed tëscht Administration Centrale, Sécurité Sociale an de Gemengen. Zesummen ass dat d’Administration publique.

De Stand vun der Dette publique läit bei 10.974 Milliounen EUR, also knapps 11 Milliarden.

De Scholdestand vum Gouvernement Central, wou d’Regierung iwwert de Budget direkten Afloss drop huet, läit bei 7.282 Milliounen (21.08.2014), dat mécht also ronn 14.000 EUR op de Kapp.

De Montant vun den Dépensen op der Factsheet « Finances Publiques » an op der Säit « D’Ausgaben am Detail » ass net d’selwecht. Wéi ass dat méiglech?

D’Graphique vum Factsheet sinn no der europäescher Norm (SEC 2010) opgestallt ginn. De Staatsbudget gëtt opgestallt no de Prinzipie vum Gesetz vum 8. Juni 1999 iwwert de Budget an d’Comptabilitéit vum Staat. Den Diagramm vun den entspriechende Recetten (nom Gesetz vun 1999) gesäit een hei.

Technesch Detailer iwwer d’Ënnerscheeder tëscht deenen zwou Opstellunge fënnt een op der Säit 15, §6 vum Volume 2 vum Budget.

Firwat mussen d ‘Ausgaben vum Staat iwwerpréift ginn?

De Staat huet déi lescht Joeren vill méi Suen ausginn, wéi der era koumen. D’Keess ass sou ëmmer méi eidel ginn an et huet missen Schold gemaach ginn. Déi Staatsschold ass an enorm gewuess a géif weider wuessen, wann een elo näischt ënnerhëlt fir d’Ausgaben an de Grëff ze kréien  - an och nei Recetten ze generéieren.

Et kënnt 2015 nämlech e grousse Problem derbäi. Et feelen op ee Coup iwwer 700 Milliounen Euro pro Joer, déi de Staat net méi era kritt. Dat ass d’Ewechfalen vum Commerce électronique.

Eng nei Methode

Wat ass de “Commerce électronique” vun deem esou vill Riets geet?

Lëtzebuerg huet bis 2015 deen déifsten TVA’s Taux an der EU fir elektronesch Bicher. An der Lëtzebuerger Optik ass “e Buch e Buch” an dofir gëtt de super-reduzéierten Taux vun 3% applizéiert. Dat huet derzou gefouert, dass e groussen Deel vum Marché vun elektronesche Bicher iwwer Lëtzebuerg verkaf goufen an dofir TVA-Recetten an d’Staatskees gespullt goufen.

2015 awer trëtt eng EU-Direktiv a Kraaft, déi virschreift, dass d’TVA an deem Land ufält, wou dee wunnt, deen d ‘Buch keeft. Domadder verléiert Lëtzebuerg d’TVA-Recetten an Héicht vun iwwer 720 Milliounen Euro.

Wat ass déi Contributioun vun 0,5% a firwat muss ech déi bezuelen?

Et handelt sech dobäi em den « Zukunftsbäitrag ». Et ass eng Contributioun fir d’Zukunft vun de Kanner. D ‘Suen, déi iwwert dee Wee era kommen fléissen an d’Zukunftskees. Aus där Kees ginn d ‘Prestatiounen an d ‘Investitiounen bezuelt, déi zum Zil hunn eng besser Zukunft vir d ‘Kanner ze schafen. Dat betrëfft virun allem Kannerbetreiung.

Déi Contributioun gëtt op all Revenuen erhuewen, woubäi en Fräibetrag vun engem Véirels vum Mindestloun (480,25 EUR) ofgerechent gëtt.

Wéi geet et mam Kannergeld virun?

Fir all déi Kanner, déi elo op der Welt sinn, respektiv déi gebuer sinn, ier dat neit Gesetz a Kraaft ass, ännert guer näischt. Hei bleift den aktuelle System bestoen.

D’Kannergeld gëtt reorganiséiert an mam sougenannten “Kanner-Boni” zesummegeluecht. Et gëtt dann och an Zukunft en eenheetlechen Betrag fir all Kand. Et wäert also net méi esou sinn, dass de Montant pro Kand an d ‘Luucht geet.

De Montant gouf liicht an d’Luucht gesat par Rapport zum aktuelle Betrag fir Kannergeld+Boni fir dat éischt Kand. Esou beleeft sech de Montant an Zukunft op 265 EUR pro Kand. Dat gëllt fir all Kand wat op d’Welt kënnt nodeems d’Reform an Kraaft getrueden ass.

Fir eng Famill mat zwee Kanner wou nom Akraafttrieden vum neie Gesetz e weidert Kand  derbäi kënnt, ännert sech fir déi zwee éischt Kanner näischt. Fir dat drëtt Kand, gëtt de neie Montant ausbezuelt. Wann iergendwann dat eelsten Kand de Ménage verléisst, fält an deem Fall een Drëttel vum Gesamtmontant, deen an där Famill un Kannergeld ausbezuelt gëtt ewech.

Dernière mise à jour